Ukrainesche Flüchtlingen hëllefenTemoignage vum Lëtzebuerger Roude Kräiz a Moldawien

Annick Goerens
Zanter mëttlerweil 3 Deeg ass d'Myriam Jacoby zesumme mat hirem Aarbechtskolleeg Rémi Fabbri fir d'Rout Kräiz a Moldawien ënnerwee.

Zil ass et, fir zesumme mam CICR dem internationale Comité vum Roude Kräiz a mat de Kolleege vum Schwäizer a vum Moldawesche Roude Kräiz ukrainesche Flüchtlingen ze hëllefen, déi aktuell nach ëmmer zu dausenden iwwer d’Grenz kommen.

Flüchtling ass net gläich Flüchtling, erkläert d’Myriam Jacoby. Déi eng wéilten direkt weider Richtung Europa a géingen da vun der moldawesch-ukrainescher Grenz aus mat Busser a Rumänien gefouert ginn. Anerer géingen nach e puer Deeg an enger Zort Transitiouns-Camp bleiwen, iert se viruginn. Mee et hätt een an de leschten Deeg gemierkt, dass vill Leit guer net fort wéilten.

Dat sinn eeler Dammen an Hären, déi sech méi à l’aise fillen, hei a Moldawien ze bleiwen. Firwat? Well hei a Moldawien och Russesch geschwat gëtt a wa se an aner europäesch Länner ginn, dann hu se d’Limitt mat der Sprooch, well se kënne keen Englesch. Se kënnen ebe just Ukrainesch an dat änelt dem Russeschen an doduerch hu se et vill méi einfach, fir sech kënnen hei z’integréieren a probéieren hei ze liewen.

Croix-Rouge hëlleft a Moldawien / Rep. Annick Goerens

Vill Ukrainer géingen och direkt eng Demande op Asyl a Moldawien stellen an eng ganz Rei hätten den Accord och scho kritt.

An déi mussen och gehollef kréien, well se musse sech jo elo integréieren, eng Wunneng sichen, eng Aarbecht sichen an et ass do, wou mer eis Hëllef och gesinn als Croix-Rouge, dass mer déi accompagnéieren, fir dass se sech hei am Land kënnen integréieren.

D’Myriam Jacoby ass selwer och Mamm an dofir wären déi Biller, déi si un der Grenz gesinn huet, virun allem vill Fraen eleng mat hire Kanner, immens schwéier.

Se gesinn hire Papp net méi wärend 2 Wochen? 1 Mount? 3 Méint? 1 Joer? Wann net vläicht méi. An dat muss wierklech net evident sinn als Mamm, [de Kanner] dat ze soen an dat ze geréieren och, ne?

Besuergt ass d’Myriam Jacoby awer virun allem iwwer hir Kolleege vun der Croix-Rouge an der Ukrain.

Mir kënnen eis Aarbecht just maachen, well esou Leit wéi si decidéiert hunn net fortzegoen. Ech hu mat hinne ganz laang geschwat, fir ze kucken, ob se wierklech sécher sinn, dass se net awer wéilte fortgoen. Si setzen hiert Liewen op d’Spill. A gëschter gouf déi ganz Nuecht bombardéiert. An do huet hatt zu mir gesot, hatt géing just probéieren z’iwwerliewen a wann ech net iwwerliewen, dann hunn ech wierklech mäi Bescht gemaach.

Op esou Sätz weess een einfach net, wat ee soll äntweren, sou nach d’Myriam Jacoby vun der Croix-Rouge.

Och d’Caritas ass a Moldawien am Asaz

De Michael Feit ass zënter 30 Joer fir d’Caritas Lëtzebuerg aktiv. Zu Palanca un der moldawesch-ukrainescher Grenz gëtt et en Zenter fir Refugiéen. Déi meescht komme vun Odessa. Dës Stad an der Ukrain läit eng 80 Kilometer vun der Grenz zu Moldawien ewech.

D’Mënschen déi iwwer d’ukrainesch Grenz eriwwer a Moldawien flüchten, bleiwen tëscht e puer Stonnen an e puer Deeg an dësem Zenter vu Caritas Lëtzebuerg.

De Michael Feit wäert de 26. Mäerz zréck op d’moldawesch-ukrainesch Grenz fueren. Vill gefrot sinn den Ament Handy-Sim-Kaarten. Dëst ass den eenzege Moyen, fir mat der Famill an der Ukrain a Kontakt ze bleiwen.

Temoignage vun der Caritas Lëtzebuerg a Moldawien
Zu Palanca un der moldawesch-ukrainescher Grenz gëtt et en Zenter fir Refugiéen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO