
Mee souwuel d’amerikanesch Supermarchésgrupp wéi och den demokratesche Gouverneur hunn d’Behaaptungen zeréckgewisen, déi an dësem mat Kënschtlecher Intelligenz generéierte Clip dra sinn, an hunn dorop higewisen, dass et a Kalifornien keng Massenentloossunge gouf an en anere Mindestloun gëllt.
“Kalifornesche Gouverneur PANIKÉIERT, well Walmart 250+ Butteker am ganze Bundesstaat zoumécht”, steet iwwer dem Video, deen den Trump den 28. Januar 2026 zweemol op senger Plattform Truth Social gepost huet.

An engem ongeféier dräi Minutte laange Video seet eng angeeblech Noriichtespriecherin, déi sech als “Megan Wright” ausgëtt, dass Walmart “sech dorop virbereet, méi wéi 250 Butteker a ganz Kalifornien zouzemaachen”, an zwar opgrond vun enger “Politik, déi d’Grondlage vun der Ekonomie net kennt”. Dorënner géifen och d’Fuerderungen no engem Mindestloun vun 22 Dollar pro Stonn fir Employéen a groussen Eenzelhandel- a Liewensmëttelgeschäfter falen, wéi si behaapt.
D’Bäiträg kommen zu engem Zäitpunkt, op deem sech den Newsom zu engem vun de schäerfste Kritiker vum Trump a senger zweeter Amtszäit als President entwéckelt huet - an zu engem potenzielle Kandidat fir deem seng Nofolleg am Joer 2028.
D’Uschëllegungen am Video, deen de President gedeelt huet, sinn awer “net wouer”, huet Walmart géintiwwer der AFP confirméiert.
“Dat ass falsch”, sot e Walmart-Spriecher an engem Telefonsgespréich de 4. Februar. “D’Behaaptungen, déi do opgestallt ginn, si falsch.”
A Kalifornien bedreift Walmart 303 Butteker, dorënner 30 ënnert der Mark “Sam’s Club”, souwéi 13 Ariichtunge fir d’Liwwerketten ze garantéieren, wéi op der Internetsäit vun der Entreprise ze liesen ass (hei archivéiert). Am Januar gouf en neie Buttek opgemaach.
De Mindestloun a Kalifornien läit och net bei 22 Dollar d’Stonn, ass awer mat 16,90 Dollar fir all Employeur an 20 Dollar fir Fast-Food-Restauranten däitlech méi héich wéi de Mindestloun vu 7,25 Dollar op nationalem Niveau. Dat huet de Ministère fir Aarbechtsbezéiunge vum Bundesstaat an den nationalen Aarbechtsministère matgedeelt (hei an hei archivéiert).
Donnéeën, déi vun der University of California zu Berkeley erhuewe goufen, weisen, dass souguer a Stied mat méi héije Mindestléin wéi déi 22 Dollar d’Stonn, déi de Staat virgëtt, d’Käschten ënnert 22 Dollar d’Stonn gedréckt hunn (hei archivéiert).
D’AFP konnt och keng Hiweiser op eng “Megan Wright” fannen, déi mat dem Gesiicht vun der angeeblecher Noriichtespriecherin iwwereneestëmmt, déi am Video ze gesinn ass. Eng Radiojournalistin mat dësem Numm sot an engem Message op LinkedIn vum 4. Februar, si hätt “näischt domat ze dinn”.
Den Erkennungstool, fir d’Klone vu Stëmmen ze erkennen, vun Hiya.com a säi Verifikatiouns-Plugin, och bekannt als InVID-WeVerify, koum zum Schluss, dass d’Stëmm “mat héijer Warscheinlechkeet mat enger Kënschtlecher Intelligenz erstallt gouf”.
Méi laang Versioune vum Video dauchen op verschiddene YouTube-Kaneel op, déi net esou vill Abonnenten hunn a voll mat KI-generéierte Contenue sinn. Vill vun dëse Videoen hunn den Hiweis op “verännert oder syntheetesch Contenuen” am ieweschte lénksen Eck vum Bild.
Eng aner Versioun, déi net gekennzeechent gouf, gëtt vun enger komplett anerer Persoun geschwat, déi sech och als “Megan Wright” ausgëtt.
D’AFP huet och Artikelen op luschen Internetsäite fonnt, déi den Text opgräifen a voll mat Reklamme sinn.
De Brandon Richards, dem Newsom säi Stellvertrieder fir séiert Agräifen, sot der AFP an enger E-Mail vum 3. Februar, de Clip géif weisen, dass den Trump “den Ënnerscheed tëschent KI a Realitéit net kennt”. De Büro vum Gouverneur hat éinescht an engem Bäitrag vum 28. Januar op X kloergestallt, dass “déi 303 Walmart-Butteker a Kalifornien op sinn” (hei archivéiert).
Op d’Fro no Beweiser fir dem Trump seng Behaaptungen huet de Spriecher vum Wäissen Haus Kush Desai an enger E-Mail vum 4. Februar der AFP matgedeelt, dass “de President Trump Recht huet”, a behaapt, ouni konkreet Donnéeën ze nennen, dass dem Newsom seng demokratesch Politik “eleng an de leschten zéng Joer scho Millioune vun Awunner an onzieleg Entreprisen aus Kalifornien verdriwwen” hätt.
Online-Plattforme beméie sech, mannerwäerteg Contenuen, déi mat Hëllef vu KI-Tools séier an einfach erstallt gi kënnen, ze moderéieren.
D’AFP huet nach aner Feelfinformatiounen iwwer d’US-Politik opgedeckt.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.