Krich am IranTrump mécht weider Drock op den Iran, nees Loftattacken op d'Arabesch Emirater

RTL Lëtzebuerg
Den Iran-Krich steet dann och nach op der Dagesuerdnung vum Treffe vun de Finanzminister vun de G7-Staaten.
US President Donald Trump
© AFP

Den US-President Trump mécht weider Drock op den Iran. Déi lescht Propose vun Teheran bei de Friddensverhandlunge wiere fir d'Poubelle. D'Zäit géif lafen. A wann den Iran net virumécht, géif Näischt méi vum Land iwwreg bleiwen, esou den Trump op Truth Social. Dernieft huet den Trump mam israeelesche Premier Netanjahu telefonéiert, deen ënnerstrach huet, dat Israel op all Zenario preparéiert wier. Israeelesche Medien no wier d'Arméi vum Land och an héchster Alarmbereetschaft a géif just op eng Decisioun vun den USA waarden.

Nees Dronenattack op Arabesch Emirater

Iwwerdeems goufen d'Arabesch Emirater nees vun Dronen attackéiert. Dobäi wier et och zu engem Feier an engem Atomkraaftwierk komm. D'Sécherheet vun der Anlag wier awer garantéiert. Vu wou Drone koumen, gouf net präziséiert. Zanter dem Ufank vum Iran-Krich goufen d'Emirater awer schonn vun iwwer 3.000 iraneschen Rakéiten an Drone viséiert.

Iran-Krich Thema bei G7-Sommet

Den Iran-Krich ass dann och e Sujet zu Paräis bei der Reunioun vun de G7-Finanzminister. D'Vertrieder vun de siwe grousse westlechen Industriestaate wäerten iwwert den ekonomeschen Impakt vum Konflikt diskutéieren. Awer och iwwert Ukrain-Hëllefen, Ofhängegkeet vun Matière Première, Inegalitéiten am Welthandel an de Kampf géint Terrorismus a Kriminalitéit.

Back to Top
CIM LOGO