Noen OstenIsrael kontrolléiert iwwer d'Hallschent vun der Gazasträif

RTL Lëtzebuerg
Den israeelesche President Benjamin Netanjahu schwätzt vu 60 Prozent.
Gazasträif
© ABED RAHIM KHATIB/Anadolu via AFP

Israel kontrolléiert antëscht iwwer d'Hallschent vun der Gazasträif. Dem israeelesche President Benjamin Netanjahu no hätt een d'Kontroll vu 60 Prozent vum Gebitt iwwerholl. Verschidde Medien no wieren et der souguer 64. Dës massiv Auswäitung vun der Besatzung schränkt d'Beweegungsfräiheet vun de Palestinenser massiv a Richtung Norden an Osten an.

D'Gazasträif ass siwe Mol méi kleng wéi Lëtzebuerg an do liewen zwou Millioune Leit. Mat nach manner Territoire wéinst der israeelescher Kontroll hunn d'Awunner nach manner Plaz fir ze liewen, wéi soss schonn. Israel rechtfäerdegt d'Auswäitung als Konsequenz vum Verhale vun der Hamas, déi d'Entwaffnung net esou géing anhalen ewéi ausgemaach. Eng offiziell Confirmatioun, dass dat wouer ass, gëtt et awer net.

Back to Top
CIM LOGO