
“Mir mussen e sënnvollt Ofkommes decidéieren, soss geschéie schlëmm Saachen”, sot den Trump en Donneschdeg zu Washington. An zéng bis 15 Deeg misst en Accord erreecht ginn. Den Iran huet iwwerdeem US-Militärstëtzpunkte fir de Fall vun enger Attack vun den USA zu “legitimmen Ziler” erkläert.
Washington wäert méiglecherweis “e Schrëtt weider goe mussen”, falls keen Accord mat Teheran erreecht géing ginn, sot den Trump bei der Optaktssëtzung vum Friddensrot en Donneschdeg. Den Iran wäert et “warscheinlech an den nächsten zéng Deeg erausfannen”, huet hie betount. E puer Stonne méi spéit huet hien op Nofro vu Journaliste gesot, hie géing dem Iran maximal “10, 15 Deeg” ginn.
Virdrun hat den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu dem Iran fir de Fall vun enger Attack géint Israel mat enger decisiver Äntwert gedreet. Wann d’Iraner “de Feeler maachen, eis unzegräifen, wäerte si mat enger Äntwert konfrontéiert sinn, déi sech net emol virstelle kënnen”, esou den Netanjahu bei enger Usprooch bei enger Militärzeremonie, déi op der Tëlee iwwerdroe gouf.
Den Trump hat dem Iran schonn e puer Mol mam Asaz vum Militär gedreet. D’Spriecherin vum Wäissen Haus, d’Karoline Leavitt, sot e Mëttwoch zu Washington, et géing “vill Grënn an Argumenter” fir eng Attack op den Iran. “Den Iran wier ganz gutt beroden, en Ofkommes ze schléissen”, esou nach d’Leavitt. Den Trump huet ugedeit, datt d’USA e Miliärstëtzpunkt op de Chagos Inselen am Indeschen Ozean, dee si zesumme mat der brittescher Arméi notzen, fir e méigleche Militärasaz notze kéinten.
Den Ambassadeur vum Iran bei de Vereenten Natiounen, den Amir Sajid Irawani, huet en Donneschdeg dem Trump seng Aussoe verurteelt. Dës géinge verdäitlechen, datt et “e reelle Risk vun enger militärescher Aggressioun” géing ginn, huet hien an engem Bréif un den UN-Generalsekretär António Guterres geschriwwen. D’Suitten dovu wiere katastrophal fir d’Regioun an “eng seriö Menace fir internationale Fridden a Sécherheet”.
Den Iran wéilt weiderhin “diplomatesch Léisungen”, fir “Onkloerheeten” zum Atomprogramm aus dem Wee ze raumen. Den Irawani huet awer och gewarnt, datt am Fall vun enger Attack all Stëtzpunkten a soss Strukture vun den USA an der Regioun “am Kader vun de Verdeedegungsmoossname vum Iran legitim Ziler duerstelle géingen”.