
D’Deputéiert vun der Nationalversammlung zu Caracas hunn en Donneschdeg eestëmmeg en Amnestiegesetz gestëmmt. D’Initiativ war ënner Drock vun den USA von der Iwwerganspresidentin Delcy Rodriguez
Experten hunn d’Ausnamereegelunge kritiséiert, deenen no ënnert anerem d’Friddensnobelpräislaureatin Maria Corina Machado an aner Oppositioneller vun der Amnestie ausgeschloss gi kéinten. “Et muss ee wëssen, wéi een ëm Verzeiung freet, et muss een och wëssen, wéi ee Verzeiung kritt”, sot d’Rodriguez, wéi si d’Gesetz am Presidentepalais Miraflores ënnerschriwwen huet. “Mir maachen nei Weeër fir d’Politik a Venezuela op.”
Kuerz, nodeems d’Gesetz gestëmmt war, huet de bekannten Oppositionelle Juan Pablo Guanipa seng Fräiloossung annoncéiert. “Ech confirméieren, datt ech a voller Fräiheet sinn”, huet de fréiere Vize-Parlamentspresident e Freideg op X geschriwwen. De Guanipa souz wéinst dem Reproche vu Verschwörung néng Méint am Prisong, fir d’lescht war hien am Hausarrest.
De Guanipa ass en Alliéierte vun der Oppositiounscheffin Machado, déi net ënnert d’Amnestiegesetz falen dierft. Well Leit, déi wéinst Fërderung, Ustëftung, Begënschtegung, Finanzéierung oder Participatioun u Militärasätz géint Venezuela ugeklot oder verurteelt goufen, sinn dem ëmstriddenen Artikel 9 no vun der Amnestie ausgeschloss.
D’Machado war fir eng Militärinterventioun géint de Maduro, deen Ufank Januar vum US-Militär festgeholl an an d’USA bruecht gi war. Do gëtt him wéinst “Drogenterrorismus” de Prozess gemaach.
D’Amnestiegesetz soll Reprochen ofdecken, déi zanter 1999 géint politesch Géigner vum Maduro a sengem Virgänger Hugo Chavez virbruecht gi waren, wéi d’Participatioun un Demonstratiounen oder Verbreedung vun “Haass”.
Fir schwéier Strofdote wéi Verbrieche géint d’Mënschlechkeet, Krichsverbriechen, Mord, Drogenhandel oder Korruptioun soll d’Amnestie net gëllen.
Am Artikel 8 ginn ausserdeem 13 bestëmmt Evenementer opgelëscht, fir déi d’Gesetz gëlle soll, vum Putschversuch géint de Chavez an dem Generalstreik am Joer 2002 bis hin zu de Protester am Summer 2024, nodeems de Maduro erëm gewielt gi war. Kritiker haten dogéint gefuerdert, datt d’Amnestie déi ganz 27 Joer ënnert der Presidentschaft vum Chavez an dem Maduro ëmfaasse sollt.