
Eng séier gemeinsam Risikobewäertung vum Europäesche Zentrum fir Präventioun a Kontroll vu Krankheeten (ECDC) an der Europäescher Liewensmëttelsécherheetsautoritéit (EFSA), déi den 19. Februar publizéiert gouf, ënnersträicht déi groussaarteg Mobiliséierung vun den EU‑Memberstaaten, fir de Marché ze sécheren nodeems a verschidde Puppelcher‑Mëllechprodukter den Toxid “Cereulid” nogewise gouf. D’europäesch Gesondheetsautoritéiten schätzen de momentane Risiko, mat kontaminéierter Puppelcher‑Mëllech a Kontakt ze kommen, awer fir niddereg an. D’Lëtzebuerger Regierung engagéiert sech an deem Kader och verstäerkt fir d’Liewensmëttelsécherheet ze garantéieren an d’Gesondheet vun de Kanner ze schützen. Hei kënnt een op de Rapport vun der EFSA!
E séieren Austausch tëscht déi verschiddenen national an europäesch Acteuren war et méiglech, Informatioune séier an zouverlässeg ze verbreeden, fir sou déi potenziell Urspréng vun der Kontaminatioun ze verstoen a séier ze handelen, fir d’Konsumenten ze schützen. An deem Kader goufen dann och Echantillonen vu Mëllechpudder getest a mat verdächtege Fäll verglach. 35 Echantillone vu Mëllechpudder, dat vun alle Marken déi um lëtzebuergesche Marché verkaaft ginn, goufen op d’Presenz vu Cereulid analyséiert. Nëmmen een eenzegen Echantillon gouf positiv getest an och direkt aus dem Verkaf geholl.
Zu Lëtzebuerg huet d’Inspection sanitaire dräi gemellte Fäll ënnersicht. Zwee Puppelcher goufen wéinst Dehydratioun hospitaliséiert, ma si mëttlerweil nees komplett geheelt. Déi klinesch Analysen, déi bei den dräi Puppelcher duerchgefouert goufen, hu sech als negativ erausgestallt, mee d’Puppelcher‑Mëllech, déi ee vun hinnen konsuméiert hat, gouf awer positiv op d’Toxin getest, wärend déi zwee aner Mëllech‑Echantillone negativ ausgefall waren. Déi positiv geteste Mëllech war zu deem Zäitpunkt schonn zeréckgeruff ginn. Zu Lëtzebuerg konnt bis haut kee Fall am Zesummenhang mam Konsum vu Puddermëllech fir Puppelcher confirméiert ginn.