
Am Zesummenhang mat enger méiglecher Uschlagsgefor an der Géigend vun enger Loftwaffebasis a Groussbritannien, déi och vun den USA genotzt gëtt, ënnersicht déi brittesch Anti-Terror-Police eng méiglech Verbindung mam Iran.
D'Autoritéiten hu bis elo keng weider Detailer iwwer d'Aart an den Ursprong vun der Bedroung bekannt ginn. Si hunn awer fënnef Männer wéinst dem Verdacht op d'"Virbereedung vun engem Terroruschlag" an engem méigleche Verstouss géint d'Gesetz fir d'Kontroll vu Sprengstoffer festgeholl.
E Méindeg waren d'Männer nach ëmmer an Untersuchungshaft. Experte fir d'Entschäerfung vu Bomme waren op der Plaz.
Den US-President Donald Trump huet an der Nuecht op e Méindeg op d'Fro reagéiert, wat hie vun de Verdächtege wéisst. "Mir wëssen alles iwwer si", sou den Trump.
Op d'Fro, ob et eng Verbindung mam Iran géif ginn, huet den US-President anscheinend geknéckt. "Dir wäert ganz geschwënn dovun héieren. Mir hu si erwëscht". Weider Detailer huet hien net genannt. Virdrun hat den US-President gesot, déi Verdächteg hätten "grousse Schued" un der Militärbasis uriichte wëllen, op där och US-Kampfjette stationéiert sinn.
Dat ugrenzend Duerf Whelford, wou d'Männer festgeholl goufen, war e Sonndeg evakuéiert ginn. E Méindegmoie war d'Géigend nach ëmmer ofgespaart, an d'Awunner hu missen d'Nuecht anzwousch anescht verbréngen.
Eng Awunnerin hat de brittesche Medie gesot, si hätt den Noutdéngscht geruff, nodeems si dräi Liwwerween an eng Grupp vu Männer mat Kaputzen a Maske gesinn hat. De brittesche Verdeedegungsminister Wes Streeting sot, d'Enquête op der Plaz géif e Méindeg weidergoen.
Am Laf vum Méindeg hunn déi brittesch Autoritéiten och Detailer zu de Männer, déi si festgeholl hunn, ginn. Déi fënnef Männer wieren alleguer brittesch Staatsbierger an am Alter tëscht 23 a 25 Joer. Si all sollen och zu London liewen.
Déi brittesch Anti-Terror-Police ënnersicht, ob d'Männer eng méiglech Connection zum Iran hunn, wéi den US-President et ugedeit huet.
Déi iranesch Ambassade huet Berichter, datt Teheran eppes mat de Pläng fir en Uschlag ze dinn huet, "kategoresch" zeréckgewisen a verurteelt "op d'Schäerfst" d'Berichter, déi dëst behaapten. Op X huet d'Ambassade matgedeelt, datt een "déi jéngst onbegrënnt a béiswëlleg Spekulatiounen, déi vu verschiddene brittesche Persounen a Medien verëffentlecht goufen a versichen, den Iran" am Zesummenhang mam Virfall an der Géigend vum der Loftwaffebasis Fairford ze bréngen" schaarf verurteelt.
Am Mäerz hat déi brittesch Regierung "defensiv" US-Aktioune géint iranesch Rakéitestellunge vun zwou brittesche Militärbasen aus geneemegt. Eng vun dëse Basen ass Fairford. Zënterhier goufen ëmmer nees US-Kampfjetten an aner Fligere beim Start a bei der Landung op der ofgespaarter Basis observéiert.
D'Loftwaffebasis Fairford war vun der US-Arméi schonn wärend dem Golfkrich an den 1990er-Joren an och wärend dem Irakkrich 2003 benotzt ginn.
De britteschen Inneministère hat dem Iran an der Vergaangenheet virgeworf, op Mëttelsmänner zeréckzegräifen, fir kriminell Aktivitéiten um britteschen Territoire duerchzeféieren.