
D’Vereenten Natiounen hu fir de Welt-Meteorologiesdag Alarm geschloen: “De globale Klima ass an engem Noutstand”, huet den UN-Generalsekretär António Guterres e Méindeg erkläert. Gläichzäiteg huet hien op den neiste Weltklimarapport verwisen, deem no déi lescht 11 Joer déi wäermst vun der Geschicht waren.
“D’Mënschheet huet grad déi 11 wäermst Joren zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen erlieft. Wa sech d’Geschicht 11 Mol widderhëlt, ass dat keen Zoufall méi”, esou de Guterres. “D’Äerd wäert iwwer hir Belaaschtungsgrenz eraus beusprocht ginn.”

An hirem järleche Weltklimarapport huet d’Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) konstatéiert, datt 2015 bis 2025 déi wäermst Joren zanter dem Ufank vun den Opzeechnunge waren. Dat lescht Joer wier deemno dat zweet- oder drëttwäermst Joer jeemools gewiescht. D’Klima wier ausserdeem sou staark aus dem Gläichgewiicht wéi nach ni virdrun. D’Äerd géing däitlech méi Energie ophuele wéi se ofgëtt. Haaptgrond dofir wieren déi héich Zäregasemissiounen.

Wéi aus dem Rapport weider ervirgeet, huelen d’Ozeanen iwwer 90 Prozent vun der iwwerschësseger Hëtzt op, wouduerch d’Temperatur am Waasser eng Rekordhéicht erreecht huet. Konsequenzen dovu sinn d’Stierwe vu Mieresekosystemer, méi staark Tropestierm an eng acceleréiert Hausse vum Mieresspigel.
Och d’Äis am Mier ass op e Rekorddéif erofgaangen, grad ewéi d’Gletscher weltwäit. Besonnesch bei Island a laanscht d’nordamerikanesch Pazifikküst géing d’Äis ëmmer méi schmëlzen. Dëst dréit ënner anerem dozou bäi, datt d’Niveaue vun de Mierer ëmmer méi klammen. De globale Mieresspigel louch 2025 awer op der Héicht vum Rekordwäert vun 2024.

2025 sinn iwwerdeem nees Dausende Leit wéinst extreeme Wiederevenementer gestuerwen oder leiden ënner ekonomesche Schied. Ënnert anerem koum et zu extreemen Hëtztwellen, Dréchenten, Tropestierm, Iwwerschwemmungen a Bëschbränn. Duerch dës géinge sech d’Ernärungssécherheet, d’Migratioun an d’Ausbreedung vu Planzen- an Déierekrankheete verschlëmmeren.