DäitschlandWolfgang Kubicki ass neie Parteichef vun der FDP

RTL Lëtzebuerg
De Wolfgang Kubicki ass neie Virsëtzende vun der däitscher FDP. Hien huet sech an enger Kampfofstëmmung géint d'Marie-Agnes Strack-Zimmermann duerchgesat.
De Wolfgang Kubicki ass neie Chef vun der FDP.
De Wolfgang Kubicki ass neie Chef vun der FDP.
© TOBIAS SCHWARZ/AFP

Laang hat et geheescht, de 74 Joer ale Wolfgang Kubicki wier deen eenzege Kandidat fir neie Parteichef ze ginn. D'Europadeputéiert Strack-Zimmermann hat dunn um Parteidag mat enger spontaner Kandidatur iwwerrascht. Si huet hir Kandidatur domat begrënnt, datt d'FDP een Neistart bräicht, dee si besser verkierpere kéint, wéi de Kubicki.

Déi 68 Joer al FDP-Politikerin hat ausserdeem dem Kubicki seng Iwwerleeunge kritiséiert, déi sougenannten "Brandmauer" zu der AfD a Fro ze stellen.

Zum Schluss huet sech de rietsliberale Kubicki awer mat 59,3 Prozent géint seng méi sozialliberal Géigekandidatin duerchgesat, De Kubicki krut 390 Stëmmen, d'Strack-Zimmermann 259 Stëmmen.

Back to Top
CIM LOGO