Entwécklungen am Noen OstenTrump schwätz vu Progrès bei Verhandlungen, Israel hëlt historesch Buerg am Libanon an

RTL mat AFP
Den US-President behaapt, Iran hätt zougesot, keng Atomwaffen z'entwéckelen, en offiziellen Accord gëtt et awer nach net – gläichzäiteg verschäerft sech d'Situatioun mat enger israeelescher Offensiv am Libanon.
Un der Spëtzt vun der historescher Buerg Beaufort am Süde vum Libanon ass den israeelesche Fändel ze gesinn.
Un der Spëtzt vun der historescher Buerg Beaufort am Süde vum Libanon ass den israeelesche Fändel ze gesinn.
© -/AFP

Den US-President Donald Trump behaapt, eng Garantie vum Iran géint d'Entwéckele vun Atomwaffe kritt ze hunn – en offiziellen Accord steet awer weider aus. Wéi US-Medien e Samschdeg gemellt hunn, huet den Trump rezent eng nei an nach méi streng Propos un Teheran geschéckt.

Detailer zu deene verschäerfte Bedéngunge si bis elo net bekannt. Den Trump huet awer kloergestallt, seng Haaptprioritéite wieren den Ausbau vun iraneschen Nuklearwaffen ze verhënneren a fir d'Strooss vun Hormus nees opzemaachen.

An engem Interview mat Fox News e Samschdeg sot den Trump: "Déi eng Garantie, déi ech muss hunn, ass, datt et keng Atomwaffe gëtt. Si hunn deem zougestëmmt an dat war ganz interessant."

Vun Teheran gëtt et nach keng offiziell Stellungnam zu dëser Ausso. Sengersäits verlaangt d'Land, datt Undeeler am Wäert vun 12 Milliarden US-Dollar deblockéiert ginn, ier een iwwerhaapt iwwert d'Thema Atomwaffen diskutéiere wéilt.

Teheran betount och, datt de Libanon an all Verhandlungen iwwer de Krich muss agebonne ginn.

Obwuel den Trump a seng Beroder behaapten, kuerz virun engem Accord ze sinn, huet den US-President am Interview och eng méiglech nei militäresch Eskalatioun ugeschwat a betount: "Ech si guer net presséiert. Lues awer sécher kréie mir, wat mir wëllen. Anescht komme mir op aner Weeër zum Zil."

Israeelesch Offensiv am Libanon

D'israeelesch Arméi huet iwwerdeems am Süde vum Libanon eng weider strategesch a symbolesch Plaz eruewert. Dem Verdeedegungsminister Israel Katz no hunn Zaldoten déi historesch Buerg Beaufort ageholl an op der Spëtzt den israeelesch Fändel opgehaangen.

Israeelesch Truppen hu weider alleguer d'Awunner vu libanesesche Gebidder südlech vum Floss Sahrani opgeruff, ze evakuéieren. D'Offensiv am Libanon riicht sech, sou Israel, géint d'Hisbollah, déi vum Iran ënnerstëtzt gëtt.

Eigentlech gëllt zanter sechs Wochen eng Wafferou tëscht Israel an der Hisbollah. An der Realitéit gëtt sech awer net dru gehalen.

Back to Top
CIM LOGO