Zweet Ronn gëtt erwaartKolumbianer wielen e Sonndeg en neie President

RTL mat AFP
Bei de kolumbianesche Presidentschaftswale gëtt den Iván Cepeda als Favorit gehandelt, ma eng zweet Ronn gëtt erwaart, well säi Virsprong an de Sondage kleng ass.
Virbereedungen um Virowend vun de Walen.
Virbereedungen um Virowend vun de Walen.
© JOAQUIN SARMIENTO/AFP

A Kolumbien steet e Sonndeg déi éischt Ronn vun de Presidentschaftswalen um Programm. Als Favorit gëllt de lénksgorientéierte Senator Iván Cepeda, deen d'Politik vum aktuelle President Gustavo Petro weiderféiere wëll.

Fir direkt an der éischter Ronn ze gewannen, brauch ee méi wéi d'Hallschent vun alle Stëmmen. Well den aktuelle Virsprong an de Sondagen awer kleng ass, gi Meenungsfuerscher dovun aus, datt et zu engem Ballotage tëscht dem Cepeda an dem rietsorientéierte Jurist Abelardo de la Espriella an dräi Woche wäert kommen.

Mat der Oppositiounspolitikerin Paloma Valencia gëtt et eng drëtt Kandidatur. Mat hir wär eng éischte Kéier eng Fra un der Spëtzt, si läit awer an de Sondage wäit hannen.

De Gustavo Petro ass deen éischte lénkse President an der Geschicht vu Kolumbien. D'Verfassung vum Land verbitt eng zweet Mandatsperiod, sou datt de Petro net méi untrieden däerf.

Wärend de véier Joer vum Petro sengem Mandat ass d'Aarbechtslosegkeet zwar zeréckgaangen an de Mindestloun ëm 75 Prozent geklommen, mee déi ugespaante Sécherheetslag am Land huet sech trotz Verhandlungen tëscht der Regierung a Guerilla- souwéi paramilitäresche Gruppen däitlech verschlechtert. Kolumbien ass zanter Joerzéngten duerch arméiert Konflikter gepräägt, un deenen nieft der Arméi a lénkse Guerillagruppen och riets paramilitäresch Organisatiounen an Drogebande bedeelegt sinn.

Back to Top
CIM LOGO