Gefaarte Chaos ass ausbliwwenDausende Leit hunn op der Brenner-Autobunn géint den Trafic demonstréiert

AFP, iwwersat vun RTL
Op der Brenner-Autobunn an Éisträich hunn e Samschdeg Dausende Leit géint de villen Trafic demonstréiert. De gefaarte Chaos op de Stroossen ass allerdéngs ausbliwwen.
Auf der Brenner-Autobahn in Österreich haben zahlreiche Menschen gegen den hohen Verkehr über den Alpenpass protestiert - das wegen der Sperrung der normalerweise viel befahrenen Strecke befürchtete Verkehrschaos blieb zunächst jedoch aus.
Op der Brenner-Autobunn an Éisträich hunn e Samschdeg Dausende Leit géint de villen Trafic demonstréiert. De gefaarte Chaos op de Stroossen ass allerdéngs ausbliwwen.
© APA/AFP

Hannert der Ofspärung op der A13, déi Éisträich mat Italien verbënnt, hu sech e Samschdeg u mëttes un Dausenden Demonstrante versammelt, wéi een AFP-Journalist observéiert huet. D'Demonstratioun géint d'Belaaschtung vun der lokaler Populatioun duerch de massive Verkéier um Alpepass hat de Buergermeeschter vum Duerf Gries, de Karl Mühlsteiger, als Privatpersoun ugemellt.

 D'Brenner-Autobunn war ëm 9 Auer fir Camionen an ëm 11 Auer och fir all aner Gefierer gespaart ginn. Ëm 19 Auer ass se nees opgaangen. De Buergermeeschter Mühlsteiger huet e positive Bilan vun der Demo gezunn am huet vu knapps 5.000 Demonstrante geschwat, änlech wéi och d'Pompjeeën mat 4.500 Demonstranten.

De Protest wier ee "ganz, ganz däitlecht Zeechen un déi héich Politik", esou de Mühlsteiger. Déi kéint de Problem elo net méi "klengschwätzen oder ignoréieren." De Buergermeeschter hat virdru gesot, de massive Verkéier op der Brenner-Autobunn wier "fir d'Populatioun net méi ze packen, net méi auszehalen."

Een Demonstrant sot der AFP géigeniwwer: "Iwwer 2 Milliounen Transit-Camionen all Joer, dat ass einfach ze vill. D'Populatioun leit drënner." Et géif "vill ze mann op d'Schinnen ausgewäicht" ginn.

De gefaarte Chaos wéinst der Manif ass allerdéngs net agetrueden. Et wier "vill wéineger lass gewiescht, wéi op soss engem Samschdeg", esou den Harald Lasser vum Éisträicher Automobil-, Motorrad- an Touring Club (ÖAMTC) e Samschdeg am spéiden Nomëtteg der AFP géigeniwwer. D'Leit hätten d'Warnungen eescht geholl an hir Faarte wéi et schéngt verréckelt. "D'Katastroph ass ausbliwwen, well mir se annoncéiert haten", esou de Lasser.

Dem Éisträicher Mobilitéitsveräin VCÖ no hätten d'lescht Joer méi wéi 2,4 Millioune Camionen d'Brenner-Autobunn benotzt. Op den Transitstroossen am Nopeschland Schwäiz wieren et dogéint just ronn 860.000 gewiescht. De Grieser Buergermeeschter Mühlsteiger setzt sech dofir an, datt d'Camion-Maut op der Brenner-Autobunn op de Schwäizer Niveau eropgesat gëtt.

Back to Top
CIM LOGO