Blockaden, Géigeblockaden, kontradiktoresch Noriichten an Ongewëssheeten ëm d’Strooss vun Hormus hunn dozou gefouert, dass elo zanter zwee Méint de Pëtrolspräis staark an d’Luucht geet.
Iran blockéiert an der Strooss vun Hormus de fräien Trafic vu Schëffer vun Alliéierte vun den USA an Israel a plangt sech an d’Zukunft all Passage bezuelen ze loossen. D’USA blockéieren iranesch Häfen. 20 Prozent vum Pëtrolstrafic weltwäit si blockéiert. D’Konsequenze vun der erratescher US-Aussepolitik waren ofzegesinn. Et huet keen en Notzen dovun, mat am mannste Washington selwer, mee am Wäissen Haus deet ee sech schwéier anzegestoen, dass ee kee Plang hat an och kaum eng Aussiicht op e Succès.
Den Alexis Ellender vu Kpler Maritime Data, déi Informatiounen zum internationale Miereshandel sammelen:
"Mir si wäit ewech vun engem Retour zu normalem Handel an der Strooss vun Hormus. Wat vill geschuet huet ass, dass mir quasi gesot kruten “OK, et geet erëm op” an du war komplett blockéiert. Ier wierklech erëm vill Schëffer an der Regioun fir Pëtrol oder Dünger ze lueden ënnerwee wäerte sinn, wäerten d’Leit ganz, ganz virsiichteg sinn."
Wat net hëlleft ass, dass d’Verhandlunge schleefen. Pakistan vermëttelt an de Gespréicher zu Islamabad, fir eng Léisung ze fannen. Fir Teheran ass all Konsens eng rout Linn. Fir Washington ass et de Risk, d’Gesiicht ze verléieren.
"Eng formell Wafferou géif villes änneren. Da géif vläicht den Transit erëm unzéien op eventuell 25 Prozent vum normalen Traffic am éischte Mount. Da wäerten et déi grouss Gesellschafte sinn, déi Pëtrol luede ginn. Eventuell och dréche Cargo. Wann näischt geschitt, wäerten déi aner awer nach annerhallwe Mount oder esou ofwaarden. An da kéint den Transit lues a lues weider unzéien op eventuell 30 Prozent an da 50 Prozent vum normalen Traffic. Da kommen och erëm déi éischt Containerschëffer a Flësseggas, mee nëmme wann et keng weider Virfäll méi ginn, oder Attacken."
D’Iran-Aventure vum 28. Februar war mat hire wirtschaftleche Konsequenzen e phenomenale Selbstgol.
"Mir wäerte keng Konditioune méi kréie wéi virum Krich. Fir mat Schëffer an d’Regioun ze fueren, wäerten d’Assurancë klammen. Fir den Transit ass mat héije Primmen ze rechnen. Dat ass schonn esou am Schwaarze Mier an dat wäert laangfristeg esou bleiwen. Iwwer Joren ewech."
U sech gouf näischt mat der Attack op Iran erreecht. D’Resultat ass eenzeg wirtschaftleche Schued, och fir onbedeelegt Drëttlänner. Bis den 28. Februar war d’Strooss vun Hormus fir d’Navigatioun op an de Passage doduerch war einfach wéi Bonjour… a virun allem och gratis.