Krich an der UkrainDron rappt Lach a Maschinneraum vun Atomkraaftwierk Saporischschja

AFP
Déi international Agence fir Atomenergie (IAEA) mat Sëtz zu Wien mellt, datt eng Dron eng Mauer vum Turbinnegebäi am Atomkraaftwierk Saporischschja beschiedegt huet.
Eine Drohne hat nach Angaben der Internationalen Atomenergiebehörde (IAEA) die Wand eines Turbinengebäudes im russisch kontrollierten ukrainischen Atomkraftwerk Saporischschja beschädigt.
Déi international Agence fir Atomenergie (IAEA) mat Sëtz zu Wien mellt, datt eng Dron eng Mauer vum Turbinnegebäi am Atomkraaftwierk Saporischschja beschiedegt huet.
© AFP/Archiv

D'Atomkraaftwierk - dat gréissten an Europa - gëtt aktuell vu Russland kontrolléiert. Den Exploitant hätt gemellt, datt d'Dron e Lach an d'Mauer gerappt huet, heescht et vun der IAEA. Kärberäicher vum Atomkraaftwierk am Süde vun der Ukrain wieren net betraff, esou déi russeschen Autoritéiten.

Déi international Agence fir Atomenergie ënnersträicht op X, et dierft iwwerhaapt keng Attacken op oder géint d'Kraaftwierk zu Saporischschja ginn.
Den IAEA-Chef Rafael Grossi betount, datt ee mam Feier géif spillen, wann een Atomanlagen attackéiert.

Déi russesch Agence fir Atomenergie Rosatom wërft der Ukrain vir, d'Atomkraaftwierk express ugegraff ze hunn. Dat melle russesch Medien. Den ukraineschen Ausseministère weist d'Virwërf allerdéngs zeréck a geheit Russland sengersäits Desinformatioun vir. Et wier net nozevollzéien, firwat d'Ukrain ee Kraaftwierk op hirem eegenen Terrain sollten ugräifen, dat si "selwer nees ënner hir Kontroll" brénge wëllen.

Back to Top
CIM LOGO