Schwéier WirtschaftskrisZweeten totale Blackout op Kuba bannent enger Woch

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg schonn hat déi ganz Karibikinsel wärend 24 Stonne kee Stroum. Um Sonndeg koum et zu engem weidere landeswäite Stroumausfall.
Schonn an der Nuecht op e Sonndeg gouf et op Kuba kee Stroum.
Schonn an der Nuecht op e Sonndeg gouf et op Kuba kee Stroum.
© YAMIL LAGE/AFP

Déi kubanesch Regierung huet fir déi zweete Kéier bannent enger Woch een landeswäite Stroumausfall gemellt. De ganze System wier ausgeschalt ginn, heescht et vum nationale Fournisseur. Et wier een derbäi, fir de Stroum nees un d’Goen ze kréien. Leschten Dënschdeg hat et iwwer 24 Stonne gedauert.

Aktuell geet Kuba duerch déi schlëmmste Wirtschaftskris zanter iwwer 30 Joer. Éischtens kritt de Karibikstaat zanter dräi Méint kee Pëtrol méi aus dem Venezuela, an donieft huet den Trump och nach e Pëtrol-Embargo op Kuba imposéiert.

Den amerikanesche President versicht, wirtschaftlech a politesch Verännerungen op der Insel z’erzwéngen an huet och schonn eng Iwwernam vu Kuba duerch d’USA ugedeit. Duerch dës Kris geet et de ronn 10 Milliounen Awunner natierlech nach méi schlecht, wéi souwisou schonn. Den Dreck sammelt sech op de Stroossen, d’Spideeler kënnen net normal schaffen a souwuel d’Schoule wéi och d’Uni si fir den Ament zou.  

Back to Top
CIM LOGO