D'Leit déi zu Lëtzebuerg liewen hunn an der Moyenne 39,4 Joer, d'Frae si méi al wéi d'Männer.

Am europäesche Verglach ass d'Bevëlkerung hei am Land méi jonk ewéi anerwäerts.
Ënner anerem dat seet den demographeschen Atlas, deen de Statec rezent presentéiert huet.

AUDIO: Serie Statec Deel 5 - Reportage Pit Everling

D'Populatioun gëtt jo ëmmer méi al, ma hei am Land ass d'Struktur relativ jonk. De Grond heifir ass d'Immigratioun: et sinn éischter méi jonk Leit déi op Lëtzebuerg kommen, fir ze schaffen. D'Net-Lëtzebuerger hunn an der Moyenne 37 Joer, d'Lëtzebuerger 41,6. Gekuckt goufen ëmmer d'Donnéeën op den 1. Januar 2018.

Wat déi geografesch Verdeelung no Alter ugeet ass et schwiereg fir ze generaliséieren. D'Präsenz vun Altersheemer zum Beispill huet e groussen Impakt, zemools wann et gréisser Installatiounen a méi klenge Gemenge sinn, ewéi Ierpeldeng un der Sauer oder Munneref.

Männer sinn an der Moyenne am jéngsten an der Gemeng Fëschbech, do hu se 34,3 Joer. Am eelste si se zu Mondorf mat am Schnëtt 42,7 Joer.

D'Frae sinn och zu Fëschbech mat gutt 35 Joer am jéngsten an och zu Munneref am eelsten, mat do an der Moyenne 46,3 Joer.

Een allgemenge Constat kéint dee sinn, datt am Norden an Nordosten d'Populatioun am jéngsten ass, mat der Exceptioun vun Ierpeldeng an Dikrech.
Am Zentrum a Südwesten ass den Altersduerchschnëtt iwwert der nationaler Moyenne.

Bei der Alterspyramide ass d'Altersklass tëscht 25 a 54 Joer am Beschte vertrueden. Ënnert de Leit mat méi héijem Alter gëtt et méi Fraen ewéi Männer.

D'Part vu Leit ënner 20 Joer ass zum Beispill a verschiddene ländlechen Nord-gemengen héich.
Mannerjäreger - also Leit ënner 18 - schéngen an der Stad an am Minette ënner-representéiert ze sinn.

Famille mat mannerjärege Kanner hu wuel d'Tendenz sech an de ländleche Gemengen ze installéiere respektiv baussent de gréisseren Agglomeratiounen.

Persounen iwwer 65 sinn am Verglach am Zentrum a Süde vum Land méi staark representéiert.
Leit mat méi ewéi 90 Joer sinn a Prozenter ausgedréckt am meeschten an de Gemengen Iechternach, Réimech a Veianen present.