Se leie verlooss bei Baachen a Flëss. Oder awer och matten am Duerf. Si hu joerhonnertelaang dozou bäigedroen, datt Mënschen eppes z’iessen haten.

D’Mille ware laang Zäit ee wichtegt Lëtzebuerger Handwierk. Haut kënnen déi meescht net méi benotzt ginn.

Eng Rëtsch dovunner sinn awer erhale bliwwen. D’Bannmillen zu Sir ass eng dovunner. Nodeems se elo iwwert 100 Joer am Besëtz vun der Famill Lanners war, gëtt se elo verkaf. De Romain Lanners huet d'Kollege vum Magazin op eng Visitt a seng Millen invitéiert an hinne gewisen, wéi esou eng Mille funktionéiert huet.

RTL

Den Alexis Lanners, de Papp vum Romain Lanners, war de leschte Mëller vun der Millen zu Sir an och de leschte Mëller am ganzen Éislek an huet d'Mille bis an déi spéit 1990er bedriwwen.

Elo gëtt d'Mille verkaf, well déi 4 Geschwëster, déi elo Proprietaire sinn, d'Millen erhale wëllen, ma déi finanziell Moyenen dofir awer net do sinn. D'Mille kann awer just renovéiert ginn, e kompletten Ëmbau oder Verännerunge sinn net méiglech, well d'Gebai ënner Denkmalschutz steet. Geschat gouf se viru ronn 500 Joer gebaut.