D’Fentenger Uergelfrënn invitéieren op hiren traditionelle Uergelconcert e Sonndeg, de 4. Mäerz um 17 Auer an der Kierch.

D’Soliste sinn d’Gaëlle Vien, Sopran an de Max Asselborn, Trompett. Begleet gi si op der Westenfelder Uergel vum Rosch Mirkes.

Um Programm sti Wierker vum Avison, Bach, Böhm, Brahms, Giordani, Händel, Hovhaness, Rosenmüller a Scarlatti.

Den Entrée ass fräi. Nom Concert ass eng Quête.