Den Ament ginn et nach keng direkt Fusiounspläng

© Pit Everling / RTL Radio Lëtzebuerg
Wal a Groussbus gehéieren zu deene Gemengen, déi kéinte fusionéieren, déi Iddi hat den Inneminister Dan Kersch jo rezent lancéiert.
Déi lokalpolitesch Responsabel vu béide Säite soen, datt elo scho gutt géing zesumme geschafft ginn, Gespréicher en Vue vun enger eventueller Fusioun wäerten et och definitiv ginn, ouni datt ee sech awer elo scho wëll op eng gemeinsam Zukunft festleeën. Et gëtt also nach keng konkret Fusiounspläng. Et soll ganz sécher näischt ouni den Accord vun de Bierger geschéien, heescht et nach aus den zwou Märeien.
Datt et an den nächste Joren nach eng Rëtsch Gemengenhochzäite wäert ginn, schéngt evident. Den Inneminister huet rezent rappelléiert, datt Fusioune weider op fräiwëlleger Basis solle geschéien, den Dan Kersch nennt zu gläicher Zäit awer e Grapp voll Koppelen, bei deenen hie sech eng gemeinsam Zukunft kéint virstellen, sou zum Beispill Groussbus a Wal.
Mir hunn do nogefrot: et ass een zwar net ofgeneigt a wëll sech un een Dësch setzen, wierklech konkret sinn d'Fusiouns-Absiichten zu dësem Zäitpunkt awer nach net.
Un der Grenz tëscht Éislek a Guttland begéine sech d'Gemenge Groussbus a Wal. Zesumme komme se op déck 2.000 Awunner a stinn domat op der Fusiouns-Wonschlëscht vum Inneminister. Dat woussten d'Gemengeresponsabel zwar, d'Annonce op der place publique huet de Groussbusser Buergermeeschter Paul Engel awer bëssen erstaunt.
Eng ähnlech Reaktioun kënnt vun der Christiane Thommes, déi den Ament als bourgmestre faisant fonction zu Wal d'Geschécker leet. Si confirméiert awer, datt ee schonn an der Vergaangenheet openeen duer gaangen ass.

© RTL-Grafik
Sollt Groussbus iergendwann eng Kéier net méi eleng sinn, da wier et wichteg, datt den neie Partner aus dem selwechte Kanton kéim, seet de Paul Engel. De Kanton Réiden hätt immens vill Virdeeler. Hei gëtt et nämlech eng Schwemm oder och eng Museksschoul, sou de Paul Engel. Wal läit am Kanton Réiden, derbäi kënnt, datt et vu Groussbus op d'Dierfer Bëschrued oder op Gréiwels wierklech net wäit ass. Am Kader vun der Maison relais hätt ee schonn zesummegeschafft an och ënnert anerem mat der Musek, sou d'Christiane Thommes.
Bei de grousse Projete gëtt awer nach net an eng gemeinsam Zukunft gekuckt, zu Groussbus gëtt un der neier Märei am ale Sprëtzenhaus geplangt an ënnert dem Centre "Nei Brasilien" zu Gréiwels entsteet déi nei Zentralschoul vun der Gemeng Wal.
Sollt et zu engem Partenariat kommen, da wäert et net vun haut op muer geschéien, fënnt de Gemengepapp vu Groussbus. Villes hänkt och dovunner of, wéi eng eventuell Territorialreform ausgesäit. Eng Fusioun dierft da ganz sécher och net ouni d'Leit geschéien, esou d'Christiane Thommes.
Béid Gemengeresponabel betounen, datt een an der absoluter Ufanksphas ass, datt et Gespréicher wäert ginn, ma datt ee sech net op en Zil festleet an datt eng Fusioun nach laang net an dréchenen Dicher ass. Fir iwwer en Datum an en eventuellen Numm vun der Gemeng ze diskutéieren, ass et de Lokalpolitiker dann och definitiv ze fréi.
De Buergermeeschter vu Groussbus formuléiert et esou: Wann der owes op engem Bal e Meedche kenneléiert, wësst der jo och net ob der mat deem Meedche bestuet gitt.
Bis ee sech hei d'Jo-Wuert gëtt, leeft also wuel nach vill Waasser d'Waark erof.