Pro a Contra fir e Wiessel vum Bezierk
De 26. Mee 2019 soll et e konsultative Referendum iwwer de Wiessel vum Walbezierk an der Gemeng Leideleng ginn.
De Gruppement "Zesumme fir Leideleng", wou véier Leidelenger Gemengeconseilleren dra sinn, mécht sech zanter Woche staark fir e lokale Referendum den 26. Mee. Dat, fir ze klären, ob d'Gemeng Leideleng vum Bezierk Süden an de Bezierk Zentrum wiessele sollt. D'Majoritéit am Leidelenger Gemengerot, d'Ekipp vun der Buergermeeschtesch, huet sech an engem Lieserbréif op RTL.lu kloer géint esou en Referendum positionéiert. De Pierre Jans huet mat béide Säite geschwat.
Leideleng läit am Kanton Esch an domat am Walbezierk Süden. D'Gemeng wär awer besser am Zentrum opgehuewen, mengt de Lou Linster vum Gruppement ''Zesumme fir Leideleng''. Wéi hie selwer, géifen iwwer d'Halschent vun de Leidelenger Salariéen an der Stad schaffen. Nëmmen een Argument vum Lou Linster: ''Och grouss Infrastrukturprojeten ewéi den Tram, de Boulevard de Cessange an de Boulevard de Merl hunn e groussen Afloss op Leideleng. Et gëtt e staarke Lien tëscht Leideleng an der Stad. Mä komm mir ginn de Leit d'Wuert. Si solle soen, wéi staark dee Lien ass, respektiv ob si léiwer wëllen am Süden bleiwen.''
Aus Organisatiouns- a Käschtegrënn sollt dëse Referendum de 26. Mee ofgehale ginn, zäitgläich mat den Europawalen. Fir d'Leidelenger Buergermeeschtesch Diane Bisenius-Feipelan hir Ekipp ass esou e Referendum onnéideg. ''Mir hunn ons jo elo geäussert, dass mir als Majoritéit dat net wäerten ënnerstëtzen. Awer aus deem Grond, well mir als Gemeng näischt un deene Walbezierker kënne änneren. Och wann e Referendum positiv ausfält, kënne mir als Gemeng näischt änneren. Dat ass wuel d'Regierung, déi do muss eng Ännerung virhuelen.
D'Äntwert vum Gemengeconseiller Lou Linster: ''Do hu si Recht. Mä et ass jo dofir e Referendum, et ass keng Entscheedung vum Gemengerot a wa mir an deem Thema eppes wëllen erreechen, dann iwwer ee Referendum an natierlech, dass mir eis mat anere Gemengen zesummeschléissen, wéi dat an dësem Dossier jo mat Koplescht de Fall ass.''
Zanter 1841 am Kanton Esch, zanter 1856 eng eegestänneg Gemeng. Duerno huet de Statut vu Leideleng net méi changéiert. Dat wëll hien hannerfroen, seet de Lou Linster. Zweiwel bei der Majoritéit. D'Diane Bisenius-Feipel: ''Wat dat elo um Terrain fir de Bierger soll bréngen, ob en elo fir de Süden oder den Zentrum wielt, kann ech iech elo net direkt soen.''
Süden oder Zentrum? Déi Fro kruten d'Kopleschter am Kader vun de Gemengewalen 2017 gestallt. 63 Prozent ware fir e Bezierkswiessel. En Impakt hat de Referendum bis haut net.
"Zesumme fir Leideleng" fir e Referendum
RTL-NEWS: Bezierkswiessel gewënscht: Leideleng a Koplescht vum Süden an den Zentrum