De Quorum vun engem Véierel vun de Wieler, déi hu missten ënnerschreiwen, gouf erreecht. De Referendum muss an den nächsten 3 Méint ofgehale ginn.

An der Gemeng Leideleng kann ee Referendum ofgehale ginn, mat der Fro, ob d'Gemeng dem Walbezierk Zentrum soll ugeschloss ginn.

Wéi et an engem Communiqué heescht, wier den néidege Quorum dofir offiziell erreecht ginn. Aktuell fält d'Gemeng Leideleng nach ënnert de Walbezierk Süden.

D'Initiative fir ee Referendum ofzehalen hate véier Gemengeconseillere geholl, dat nodeems eng deementspriechend Motioun vun hinnen den 29. Januar am Leidelenger Gemengerot verworf gi war. D'Gemengegesetz gesäit vir, dass ee Referendum nëmmen da kann ofgehale ginn, wann ee Véierel vun de Wieler aus där betraffener Gemeng, mat op manner wéi 3.000 Awunner, dofir ass.

An deem Fall muss de Gemengerot an den nächsten 3 Méint ee Referendum organiséieren. An der Gemeng Leideleng gëtt dat elo de Fall, nodeems 464 vun deene ronn 1.420 Leidelenger Wieler d'Demande vun deene 5 Gemengerotsmember ënnerschriwwe hunn. Den néidege Quorum vun 355 Wieler wier domat erreecht ginn, heescht et am Communiqué.

Am nächste Gemengerot dierft sech deemno mat der Organisatioun vum Referendum beschäftegt ginn, dee wéi et heescht, de 26. Mee parallel mat den Europawale kéint ofgehale ginn. Dat muss awer am Leidelenger Conseil decidéiert ginn.