Kontrakt ënnerschriwwen
Bau vun Alters- a Fleegeheem zu Rëmeleng fir Ufank 2022 geplangt

© Pixabay
De Kontrakt mat der Firma, déi de CIPA geréiere wäert, an dem Architekt, deen den Optrag vum Neibau kritt huet, wier lescht Woch ënnerschriwwe ginn.
Dat erkläert d'Famillje- an Integratiounsministesch Corinne Cahen an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Marc Spautz. De Bau vum Alters- a Fleegeheem soll 2022 ufänken, fir dann 2025 ofgeschloss ze sinn. Dat, nodeems de Projet eng 20 Joer laang geschleeft huet.
Am meeschte gelies