Onstëmmegkeete mam Buergermeeschter
Direkt 2 Demissiounen am Schäfferot vun der Gemeng Waldbriedemes

Am Schäfferot vun der Gemeng Waldbriedemes ginn et direkt zwou Demissiounen.
De Kolleege vum Lëtzebuerger Wort no, hätte souwuel d'Trine Guldaker-Bodker, wéi och de Jean-Paul Thiltges mat Effet immédiat hir Mandater néiergeluecht. Grond wieren Onstëmmegkeete mam Buergermeeschter Louis Oberhag.
Am meeschte gelies