De Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng invitéiert d'Awunner aus der Gemeng op "Nationalfeierdag doheem".

Vue datt d'Feierlechkeeten ëm Nationalfeierdag dëst Joer net wéi gewinnt dierfe sinn, huet d'Gemeng Käerjeng sech eng afale gelooss a proposéiert den interesséierte Bierger e sougenannten "Lëtz Pack".

Dora fënnt een dann eng Partie lokal Produiten, fir z'iessen an ze drénken, déi een um Virowend vun Nationalfeierdag doheem genéisse kann. De "Lëtz Pack" kënnen d'Leit an eng vun de 5 Drive-In-Statioune vun der Gemeng siche goen.

Fir déi eeler Leit iwwer 70 Joer oder COVID-19 Risiko-Patienten bitt d'Gemenge-Personal souguer eng Livraisoun bis virun d'Hausdier un.