Egal wéi positiv d'Corona-Zuele sech bis September nach entwéckele kéinten: Et ass dëst Joer keng Schueberfouer.

D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet en Donneschdeg nach eng Kéier op Nofro hi betount, dass et keng Fouer 2020 wäert ginn.

Alternativ wäerten de ganzen August iwwer Stänn a Buden op ëffentleche Plaze stoen, fir e bësse Fouer-Stëmmung an déi verschidde Quartieren a der Stad ze bréngen.

D'Stater Buergermeeschtesch huet d'Gëlle Fra oder nach d'Plaz beim Kapuzinertheater als Beispill genannt. An den nächsten Deeg wäert d'Gemeng en Appell maachen, op deen interesséiert Forainen sech kënne mellen.

Grouss Spiller ewéi eng Achterbunn wäert een dëst Joer an der Stad net gesinn, esou d'Lydie Polfer.