Am Kader vum Projet "Klima-Bündnis Lëtzebuerg" soll de Cargobike zu Déifferdeng als alternatiivt Transportmëttel getest a gefërdert ginn.

D'Gemeng Déifferdeng bitt lokalen Entreprisë vu Mëtt Juni un d'Méiglechkeet 6 Woche laang gratis un dësem Pilotprojet deelzehuelen. Eng Initiative vum City-Manager, dem Service écologique an dem Service circulation vun der Gemeng.

Ënnerstëtzt gëtt d'Stad Déifferdeng vum lokale CIGL-Projet "De Vëlosbuttek", dee sech ëm den Entretien vun de Cargobikes këmmert. Fir de Projet goufen zwee verschidde Modeller mat engem elektresche Motor als Ënnerstëtzung ausgewielt.

Fir kënnen Deel ze huelen, muss een de Cargobike reegelméisseg fir Transport- oder Liwwerzwecker notzen an eng sécher Plaz hunn, wou een d'Gefier ofstelle kann. D'Participantë kréien och Helmer a Gileten zur Verfügung gestallt.

Bis ewell hu sech scho ronn 20 Butteker oder Entreprisë fir de Pilotprojet ugemellt.