Stad Lëtzebuerg
Eng Zort Summerfest amplaz vun der Schueberfouer

Patrick Goldschmit / © RTL-Archiv
Hei wäert ee wärend 2 Méint Kiermesbuden a Spiller op verschiddene Plazen an der Stad erëmfannen, tëscht dem 11. Juli an dem 13. September.
E puer Plaze wieren dofir scho fixéiert ginn: beim roude Pëtz, am Laval’s-Parc, op der Place Thorn, bei der Gëlle Fra, dem Biisserwee, op der Place Jeanne-d’Arc zu Bouneweg an op der Place de Roedgen zu Zéisseng. Dat huet de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt dem L’Essentiel géintiwwer confirméiert.
Verschidde Spiller fir d’Kanner solle gratis sinn.
Am meeschte gelies