Den 18. Juni huet d'Gemeng Esch seng éischt ëffentlech Defibrillatoren a Sportsinfrastrukturen opgeriicht.

Den Ament sinn d'Defibrillatoren op dëse Plazen ze fannen: Tennis Gaalgebierg, Terraine vum Beach Volleyball Gaalgebierg, Stade E. Mayrisch, Stade de la Frontière, Stade Lankëlz US Esch, Stade Lankëlz CS Fola, COHS Lallange Hall 1 et Hall 2.

Eng zweet Serie vun Apparater wäert op ëffentleche Plazen an der Stad zougänglech gemaach ginn. Bis Enn Juni sollen 10 Stéck op dëse Plazen ze fanne sinn: Place P. Ponath, rue J.-P. Bausch, rue Babourg, rue du Brill, rue du Stade (Parc Gaalgebierg), place de l'Hôtel de Ville, place J. Jaurès, rue Dellheicht, croisement des rues L. Metz/J.-P. Michels, site de l'école Nonnewisen.

Eng drëtt Serie wäert Enn dës Joers kommen.