D'Stater Gemeng huet e Freidegmoien eng extra finanziell Hëllef vu 4.000 Euro pro Commerce decidéiert, sou den 1. Schäffen Serge Wilmes (CSV) op Facebook.

Déi Hëllef kënnt nieft den 1.000 Euro Akafsbongen, déi d’Stad pro Geschäft och keeft. „Nëmmen duerch e liewege Commerce lieft och d’Stad“, sou de Serge Wilmes.