
Den 10. Juli soll Schluss sinn. Den LSAP-Fraktiounschef gëtt dann de Buergermeeschter-Posten un d'Schäffe Simone Asselborn-Bintz of.
Dat huet hien RTL-géintiwwer an engem Interview confirméiert.
Den Interview mam Georges Engel
No 15 Joer wier elo e gudden Zäitpunkt komm, fir opzehalen, seet de Georges Engel. Dat Duebel-Mandat géif vill Zäit an Usproch huelen. Mam Simone Asselborn-Bintz iwwerhëlt dann elo eng éischte Kéier eng Fra de Poste vum Buergermeeschter an der Gemeng Suessem.

© LSAP
Den LSAP-Conseiller Steve Gierenz réckelt no an de Schäfferot.
Am meeschte gelies