Den 11. Oktober soll et dowéinst Komplementarwale ginn.

Den Ex-Buergermeeschter vu Schieren geheit d'Handduch. De Conseiller André Schmit huet aus dem Gemengerot demissionéiert. De Concernéierten huet eis d'Nouvelle aus dem Wort confirméiert.

Zu Schieren goufen et zënter Méint Streidereien, bei deenen et notamment ëm den neie PAG an ëm d'Klassifikatioun vun engem bestëmmten Terrain goung.

Den André Schmit präziséiert a sengem Demissiounsschreiwen, datt hie seng Famill a seng Gesondheet wéilt schützen. Am selwechte Bréif ginn iwwerdeems Reprochë vis-à-vis vun 3 anere Conseilleren a vis-à-vis vum Ëmweltministère gemaach.

D'Inneministesch Taina Bofferding huet d'Demissioun acceptéiert. Wéi de Schierener Buergermeeschter Eric Thill eis op Nofro hi sot, wäerten den 11. Oktober Komplementarwalen an der Gemeng ofgehale ginn.