E Freideg huet och de Buergermeeschter Louis Oberhag annoncéiert, datt hie säi Posten zur Dispositioun stellt. Dat schreift d'Lëtzebuerger Wort.

Hie géing am Interessi vu senger Gemeng handelen, sou de Concernéierten.

Viru ronn engem Mount hate schonn d'Schäffe Jean-Paul Thiltges an Trine Guldager Bodker aus dem Schäffen- an och aus dem Gemengerot demissionéiert, wéinst Onstëmmegkeete mam Buergermeeschter.