Wéi et an engem Communiqué heescht, wieren iwwert de Weekend zu Esch Leit ugeschwat ginn, fir bei enger Petitioun zum Thema Cohabitatioun matzemaachen.

Den Escher Schäfferot schreift e Méindeg de Mëtteg an engem Communiqué, datt dëst keng Initiativ vun der Gemeng war, mä eppes, wat vu Privatleit lancéiert gi wier.

De Sujet vun der Cohabitatioun, respektiv de Colocatiounen, gouf jo déi lescht Wochen iwwer kontrovers diskutéiert. Och op RTL ware mer op de Sujet ze schwätze komm. Rieds iwwert d'Modalitéite fir Wunn-Communautéite wäert och dëse Freideg goen, da gëtt am Escher Conseil iwwert deen neie PAG ofgestëmmt.