D'Iddi vun engem "Shared Space", also enger Plaz wou sech Foussgänger, Vëlo- an Autofuerer de Raum deelen ass an de 70er Joren an Holland entstanen.

Och hei am Land fannen esou Stroossenamenagementer Gefalen. 2016 hunn déi éischt Aarbechte fir e Shared Space zu Diddeleng ugefaangen. E Méindeg gouf déi 2. Phas ofgeschloss.

Vill Maschinnen an Aarbechter waren déi leschten 48 Stonnen an der Geschäftsstrooss zu Diddeleng am Asaz. Den Teppech vum Shared Space gouf op d'Strooss opgedroen.

Am Summer 2017 goung den ieweschten Deel vun der Niddeschgaass am neie Look op. En Dënschdeg kënnen Diddelenger eng éischte Kéier duerch déi nei ugeluechte Strooss flanéieren.

Scho e Sonnedeg de Moien hunn déi éischt Aarbechte vum neie Stroossebelag ugefaangen. Ee Joer hunn déi ganz Ëmbauaarbechte vun der Geschäftsstrooss gedauert. "Shared Space" nennt sech d'Formule. An anere Wieder de Stroosseraum opdeelen.

4,7 Milliounen Euro kaschten d'Aarbechte vun dëser 2. Phase. De ganze Projet schléit mat 12 Milliounen Euro an d'Gemengekeess. Mam Amenagement vun der Niddeschgaass, der Diddelenger Geschäftsstrooss, well een de Stadkär méi attraktiv gestalten. Och ouni Zone piétonne.

Dei verschiddenst Butteker fënnt een an der Forge du Sud. Et kéint een awer d'Panoplie u Geschäfter nach ausbauen.

Am Fréijoer 2021 fänken d'Aarbechte ronderëm d'Kierch an d'Rue du Commerce un. Et gi souguer Iwwerleeungen de "Shared Space" bis zur Gemeng hin ze verlängeren.