
Ben Ries / © DP
D'Debatt iwwer duebel Mandater kritt och konkret Suitten: zu Jonglënster gëtt de Gilles Baum op den 1. September säi Mandat als Schäffen of.
Fir den DP-Politiker, deen och d'liberal Fraktioun an der Chamber leet, dierft am September de Ben Ries als Schäffen noréckelen, zu Jonglënster ass eng CSV-DP-Koalitioun mat enger Majoritéit vun 9 Conseilleren um Rudder.
De Ben Ries (36 Joer) war bei de leschte Walen den Zweetgewielten op der lokaler DP-Lëscht.
Mam Georges Engel hat iwwerdeem d'lescht Woch ewell en anere Fraktiounspresident säi kommunaalt Mandat néiergeluecht. Den LSAP-Fraktiounschef war 15 Joer laang Suessemer Buergermeeschter. Mam Ënnerscheed zum Gilles Baum zu Lënster, dee Conseiller bleift, trëtt de Georges Engel ganz aus dem Suessemer Gemengerot aus.