Als Reaktioun dorop gouf elo eng Sécherheetsfirma engagéiert an et huet ee wëlles, Iwwerwaachungskameraen z'installéieren.

Leschte Freiden hat et am Schoulhaff vun der Grondschoul zu Ettelbréck eng Massekläpperei ginn tëscht zwou Gruppe vun externe Jugendlechen. D'Police hat missen intervenéieren.

D'Memberen vum Ettelbrécker Gemengerot soe sech schockéiert. Et huet ee mat Police a Parquet geschwat.

Bagarre dans une cour d'école à Ettelbruck
Bagarre dans une cour d'école à Ettelbruck. Vidéo de Lima Carlo Pepe Kelou.

E Mëttwoch wäerten d'Gemengeresponsabel mat der regionaler Police-Direktioun an dem Schoulcomité iwwert weider Aktioune schwätzen.

Antëscht gouf eng Sécherheetsfirma beoptraagt, fir d'Surveillance vum Schoulhaff tëscht der Mëttesstonn an owes 23 Auer ze garantéieren. Et ginn och Iwwerwaachungskameraen installéiert. Parallel wëll een eng Entrevue mam Minister fir bannenzeg Sécherheet.