Wéinst e puer Virfäll vu Vandalismus um sougenannte "Bouewenacker" a "Schneier" deelt d'Stad Esch mat, datt d'Waasser vum 1. Juli un zougedréint gëtt.

An engem Communiqué vun der Stad Esch heescht et, datt iwwert déi lescht Wochen a Méint e puer Virfäll zu där Decisioun gefouert hätten. Ënnert anerem hätte Leit illegal versicht, sech un d'Waasserleitungen unzeschléissen, wat zu Fuitte gefouert hätt. Donieft wieren d'Waasserdistributeuren entweder deplacéiert oder duerchgeschnidde ginn.

Vue datt dëst alles muttwëlleg Virfäll wieren, géif et e reelle Risk ginn, datt et zu enger Kontaminatioun vum Drénkwaasser vun der Stad Esch kéim. Och wéinst der enormer Verschwendung vu Waasser huet d'Stad Esch keen aneren Auswee fonnt, wéi de Waasseruschloss un d'"Schrebergäert" vum 1. Juli un a bis op Weideres ze spären.