Keng traditionell Schueberfouer, ma Gastronomie a gratis Spiller uechter d'Stad. Sou gesäit de Summer 2020 aus.

Zil wier et, nees Liewen an d'Stad ze bréngen, sou d'Stater DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer. D'Attraktioune sollen uechter d'Quartiere verdeelt ginn.

D'Spiller fir d'Kanner si gratis, di aner Stänn funktionéieren nom normalen Tarif, erkläert de Laurent Schwaller, Chef de Service vum Espace publique, de Fester an de Mäert vun der Stad Lëtzebuerg.

Nieft den allgemenge COVID-19 Mesurë kënnt nach eng nei wichteg Reegel dobäi: et dierf op kengem Stand Alkohol verkaf ginn.

Am Kader vum "Quartiersfest" kann een da vu verschiddenen Animatioune profitéieren. Ënner anerem am Märeler Park an an der Stroossbuerger Strooss gi Fouerstänn- a Spiller installéiert.

Et ass eng alternativ Fouer, bei där d'Riserad awer net dierf feelen. Op der Kinnekswiss an der Stad gëtt den 11. Juli e grousst Riserad installéiert mat 50 Meter Héicht a 36 Gondelen. Am selwechte Kontext gëtt am Park och eng Lounge mat Iessen a Gedrénks installéiert.

Och déi beléifte Plage fënnt hire Wee zréck op d'Theaterplaz. Nei dëst Joer sinn de "Summer bei der Gelle Fra" an d'"Street Animation".

D'Stad Lëtzebuerg organiséiert iwwerdeems en Open-Air-Kino mat Iessstänn um Glacis, an deen een zu Fouss oder mam Auto ka Filmer kucke goen.

Virun allem fir d'Restauratioun bleift de Fouer-Ersatz awer komplizéiert, seet de Laurent Schwaller. An och d'Forainen hätten et net einfach, esou hire President Charles Hary. Esouwuel d'Stater Gemeng, ewéi och d'Forainen hoffen op e gudde Summer, ouni gréisser Imprevuen.

Dee ganze Programm fënnt een och op der Internetsäit vun der Stad Lëtzebuerg.