Cinemathéik op der Theaterplaz geet erëm op

Den 13. Juli mécht d'Cinémathèque seng Dieren rëm op, an zwar mam Film "Have you seen my movie?" vum Paul Anthon Smith.
Dass ausgerechent dëse Film vum Sall op der Theaterplaz rausgesicht gouf, ass keen Zoufall. Dëse besteet aus engem laang gezunne Montage vu bis iwwert 100 Filmer an ass soumat eng Éierung un de groussen Ecran, deen d'Cinephillen iwwerall op der Welt wärend der Corona-Kris vermësst hunn.
Ween eng Leidenschaft huet fir d'Kinoswelt, wäert mam Programm net enttäuscht sinn. Mat grousse Klassiker esou wéi "The Goodfellas" (1990) vum bekannte Martin Scorcese a mam Robert De Niro, oder och "The Wizard of Oz" (1939) mam Judy Garland, huet d'Cinemathéik fir all Film-Passionéierten eppes dobäi.
Och mat Filmer wéi "King Kong" (1933), "Total Recall" (1990) an "Singin' in the Rain" (1952) wäerte vill Film-Amateuren zefridde ginn.