D'Gemeng Péiteng wëll hir Bierger ënnerstëtze beim Plange vun enger méiglecher Installatioun vun enger Photovoltaik-Anlag.

Dofir stellt si den Awunner en 3D-Solarkataster zur Verfügung. Donieft fënnt een op hirer Internetsäit sämtlech Informatiounen iwwer Präisser a staatlech Hëllefen. Méi Detailer kann een am Communiqué vun der Gemeng Péiteng noliesen.

Schreiwes

D'Gemeng Péiteng – Virreider a Saache Solarkataster

Zënter dem 14. Juli 2020 huet déi Péitenger Gemeng en 3D-Solarkataster deen de Bierger a Biergerinnen soll beim Plange vun der Installatioun vun enger Photovoltaik-Anlag hëllefen. Et ass deen éischten ënner dëser Form hei am Land.

Sidd Dir net sécher, ob Äert Haus fir eng Photovoltaik-Installatioun gëeegent ass? Wëllt Dir séier eng Äntwert ob dës a weider wichteg Froen? Da fannt Dir elo ob der Internetsäit vun der Gemeng Péiteng e Link, wou Dir éischt Abléck an dës Matière kritt. Hausbesëtzer kréien hei virgerechent, wéi vill Stroum een als Privatpersoun an d'Netz aspeise kann, wéi vill d'Installatioun kascht a wéi vill staatlech Hëllef ee fir esou eng Anlag kritt.

Jidderee kann sech op dëser benotzerfrëndlech a gratis Internet-Plattform informéieren an esouguer unhand vun verschidde Fierwungen erausfannen, op e Gebai dofir gemaach ass oder éischter net respektiv Abléck kréien, wéi vill a wéi laang en Daach duerch Nopeschhaiser oder evtl. Beem am Schied ass. Doriwwer eraus gëtt een och gewuer, no wéi vill Joer dës dach substantiell Investitioun amortiséiert ass.

Sidd Dir virwëtzeg ginn? Da gitt op dëse Link kucken: https://www.petange.lu/fr/Pages/Cadastre-solaire.aspx