30 Kilometer laang Streck gëtt Ufank August fir den Autosverkéier gespaart

Gemeng Ëlwen
Am Kader vum "Vëlosummer 2020" kréien d'Cyclisten d'Méiglechkeet, den Norde vum Land um Suedel z'entdecken.
D'Gemenge Kiischpelt, Clierf, Wäiswampech an Ëlwen hu sech zesummegedoen, fir d'Campagne vum Tourismusministère "Vëlosummer 2020" z'ënnerstëtzen an d'Mobilitéit via Vëlo ze fërderen.
Eng Streck vun 30 Kilometer ass wärend dem 1. an 2. August exklusiv fir Vëlosfrënn reservéiert. Den Tour geet vu Kiischpelt duerch Clierf op Wäiswampech bis Ëlwen mat Uschloss un d'Vennbahn zu Huldang. Eng Geleeënheet, vun där een onbedéngt profitéiere muss, betount den Yves Kaiser, Buergermeeschter vun der Gemeng Kiischpelt: "Mir hoffen, dass de Projet vun engem nationale Vëloswee tëscht Ëlwen, Wäiswampech iwwer Clierf an Äischer an noer Zukunft duerchgefouert gëtt, wat sécherlech d'Attraktivitéit vun der Regioun am Tourismussecteur, mä och fir d'lokal Bevëlkerung steigere wäert."
Déi sougenannt "C2-blockéiert Strooss" gëtt den éischte Weekend am August fir de motoriséierte Verkéier gespaart. Busser an Awunner dierfen déi concernéiert Streck awer weiderhi benotzen. Dowéinst gëllt fir d'Cyclisten, dass d'Verkéiersreegelen op deenen 30 Kilometer stänneg mussen agehale ginn.
Vakanz Doheem an de Lëtzebuerger Ardennen
De Buergermeeschter vun der Gemeng Ëlwen, den Edy Mertens, leet vill Wäert op den Tourismus an där Regioun: "D'Vennbahn ass e bekannten Unzéiungspunkt, och ausserhalb vun eiser Gemeng. All Joer fueren e puer Dausend Visiteuren op dëser herrlecher Route, fir eis wonnerschéin Regioun z'entdecken. Déi ausgewielte Route erméiglecht et hinnen, a Sécherheet a Rou duerch eng quasi intakt Natur ze fueren. Bei dëser Geleeënheet stinn de Besicher och 6 aner Vëlospiste mam Depart zu Ëlwen, souwéi eng Abberzuel Wanderweeër zur Auswiel, an dozou nach eng héichwäerteg gastronomesch Offer."
Och den Henri Rinnen, Buergermeeschter vun der Gemeng Wäiswampech, gesäit e sougenannte "Mehrwert" fir déi ganz Regioun am Norde vum Land: "Soubal aus Siicht vun der Verkéierssécherheet déi technesch Viraussetzungen erfëllt sinn, wäert de regionalen Tourismus en neie Boom erliewen, andeems eng Abberzuel Vëlosfrënn wëllkomm geheescht ginn. D'Gemeng Wäiswampech versicht zanter Joren, dës Verbindung hierzestellen, an et muss unerkannt ginn, dass dës Initiativ eis eisem Zil e Schratt méi no bréngt."

Gemeng Wäiswampech
Dass den nationalen an internationalen Tourismus vun dëser Zesummenaarbecht profitéiert, ënnersträicht och den Emile Eicher, Buergermeeschter vun der Gemeng Clierf: ":Mat enger permanenter Verbindung un d'Vennbahn wäert de saisonalen Touristeverkéier d'Regioun Éislek besonnesch attraktiv maachen. Mat der Vennbahn, enger 125 Kilometer laanger Streck (...) kënnt Dir dräi Länner entdecken: Däitschland, Belsch a Lëtzebuerg. D'Cycliste musse garantéiert kréien, wa si vun der däitscher oder belscher Grenz kommen, weider iwwer Huldang / Géidgen fueren ze kënnen an do déi national Vëlospisten notzen ze kënnen. Ëmgedréint ass et wichteg, dem lokalen Tourismus d'Méiglechkeet ze bidden, Zougang zu de wichtegste grenziwwerschreidenden Vëlosnetzer vun den Ardennen unzebidden."
Lokal Wirtschaft ënnerstëtzen
"Vakanz Doheem" a "VëloViaNorden" erméiglecht et den Awunner an den Touristen aus dem Ausland, déi lokal Wirtschaft ze ënnerstëtzen, d'Landschaft vum Norde vum Land ze bewonneren, d'Gastronomie vun der Regioun kennenzeléieren an an Hoteller oder op Campingen an der Géigend ze iwwernuechten.
Méi Informatioune fënnt een um Site vun der Initiativ "VëloViaNorden".
D'Streck kënnt Dir Iech am Detail iwwert dëse QR-Code ukucken
