Duerch d'Pandemie gëtt et och en Abroch um Niveau vun de Gemengefinanzen.

D'Inneministesch ënnersträicht awer, datt net muss gefaart ginn, datt d'Gemengen hir Rechnungen doduerch net méi kéinte bezuelen. D'Taina Bofferding an de Pierre Gramegna waren op d'Demande vun der CSV an der parlamentarescher Kommissioun fir d'Affaires intérieures.

De Finanzminister Pierre Gramegna huet do explizéiert, datt dräi verschidde Chifferen am Raum stinn. Estimatiounen iwwert d'Depense vun de Gemengen aus dem September zejoert, dann déi definitiv Chifferen aus dem Mäerz a bis Ënn Abrëll gouf et dunn duerch d'Pandemie eng nei Situatioun.

Deen Ament sinn d'Recetten fir de Staat an doduerch och déi fir d'Gemengen erofgaang.

De Pierre Gramegna:

"Dat erkläert ganz einfach, firwat een erofrutscht vun engem Iwwerschoss, vu ronn 350 Milliounen Euro, déi fir d'Gemenge waren, op en Defizit vu méi wéi 300 Milliounen. Dat ass dat selwecht, wéi dat wat een am Budget vum Staat festgestallt huet. D'Recette gi ganz séier erof an dëser Pandemie an dat huet Konsequenzen op d'Finanze vun de Gemengen."

Trotz dësem Abroch wëll d'Inneministesch Taina Bofferding direkt berouegen:

"Dat heescht awer net, dass d'Gemengen an der Situatioun wieren, dass se hir Rechnungen net méi kënne bezuelen. Eben, dee Risiko wou mer een Ament gefaart haten, dass Gemengen do wieren, wou dono de Budget net méi opgeet. Dat ass net de Fall."

Dat hätt d'Direktioun fir d'Gemengefinanzen aus dem Inneministère festgestallt, wéi se déi 102 Gemengen am Land kontaktéiert hätt.

D'Inneministesch encouragéiert d'Gemengen och fir weider z'investéieren, se kënne punktuell Hëllefe fir verschidde Projete kréien.

Eng Gemeng, déi wëll wëssen ob hire Projet weider Subsidë kritt, muss dat zesumme mam Inneministère kucken:

"Et gëtt ëmmer deen Ament selwer gekuckt, da gëtt och zum Deel déi finanziell Situatioun vun der Gemeng gekuckt. Et ass net all Gemeng, déi dat selwecht kritt, dat ass schonn eng Zort Solidaritéitsprinzip, dee mer do bei der Verdeelung hunn an et ass e System, dee sech iwwer Jore bewäert huet an et ass wichteg, datt mer dat weider bäibehalen. Ech wëll awer och déi Adaptatioune maachen, fir dass d'Gemenge weider investéieren an elo net alles zeréckzéien."

De System, vun deem d'Inneministesch hei schwätzt, gefält der CSV net.

Si hätt do eng aner Iddi gehat, seet den Deputé-Maire vu Mamer Gilles Roth:

"Déi Alternativ, déi mir als CSV gemaach hätten, dat ass eng änlech Approche, wéi et se an Däitschland gëtt. D'Bundesregierung verdeelt en Deel vum Ausfall, deen de kommunale Secteur huet opgrond vun der Covid-Kris, fir datt deen Defizit ausgeglach gëtt. Et ass natierlech kloer, datt wann d'Gemenge manner investéieren, datt dat en Impakt op d'Ekonomie huet."

An deen Impakt kréie virun allem kleng a mëttel Entreprisen ze spieren.

Datt dat muss verhënnert ginn, op deem Punkt, ass ee sech eens. D'CSV hätt awer gär eng transparent Lëscht, op där ee gesäit wéi eng Gemengen Subsidë kréien a fir wéi eng Projeten, déi sinn, esou de Gilles Roth.