D'Stad Déifferdeng invitéiert vum 1. August un op hire Summerfeeling@Differdange.

Op der Maartplaz, mä och am Parc de la Chiers, an der Foussgängerzon an am Parc Gerlache solle vun Ufank August bis Ufank September d'Leit e Gefill vu Vakanz a Plage vermëttelt kréien. Op 5 Owender invitéiert d'Gemeng donieft op eng Partie Concerten op der Maartplaz mat ënnert anerem "Vocals on Tour" oder "Fade to Grey".