Um Parking Square Mile um Belval gi wärend 7 Owender Filmer a Concerten ugebueden.

D'Gemenge Suessem an Esch invitéiere vum 31. Juli bis de 6. August op déi 11. Editioun vum Autokino Belval. Nieft Filmer wéi "Pulp Fiction" oder "Hustlers" ass am Virfeld vun der Projektioun um Parking Square Mile all kéiers e Concert geplangt. Ënnert anerem trieden De Läb, Mad Fox oder och nach CHAiLD x Maz op. D'Concerte ginn och iwwert den groussen Ecran iwwerdroen.