D'Mise en service gëtt vu September dëst Joer op d'Rentrée 2021 verréckelt, dat äntwert de Bauteminister Bausch dem DP-Nord-Deputéierten André Bauler.

Nieft dem Impakt vun der Corona-Kris bréngen och aner Changementer um Projet Verspéidung mat sech. Sou gouf en cours de route d'Energiekonzept ofgeännert an d'Konzeptioun vun den Atelieren iwwerschafft, präziséiert de François Bausch a senger Äntwert.

Et géing alles dru gesat ginn, fir um Datum vum September 2021 festzehalen. Eventuell gëtt an Etappe vun Ettelbréck eriwwer op Gilsdref geplënnert.