Mat de Walen um Sonndeg soll no enger turbulenter Zäit erëm lues a lues Rou zu Schieren akéieren.

Bei de Komplementarwalen zu Schieren goufen e Sonndeg dräi Posten am Gemengerot besat. Déi meeschte Stëmme kruten d'Susi Pfeiffer (445 Stëmmen), de Jean-Paul Zeimes (420 Stëmmen) an den Alexis Schloesser (260 Stëmmen). Mat de Walen um Sonndeg soll erëm Rou zu Schieren akéieren.

D'Walbedeelegung louch bei 79%. Zwou Zuele falen op: eng 50% vun den Awunner iwwer 75 Joer, déi sech also net hätte missen deplacéieren, koume wielen. De Prozentsaz vun den Non-Excusés läit bei 16%. Punkt 4 Auer, huet de jéngste Buergermeeschter vum Land d'Resultat vun de Komplementarwale bekannt ginn. "D'Resultat weist ganz kloer mat et e politeschen Intressi zu Schieren gëtt, deen awer ganz grouss ass. Fir mech als Buergermeeschter ass et elo einfach ganz wichteg dat mer zu 9 zesumme schaffen. Am Wuel vum Duerf an do wierklech wichteg Projete viru féieren déi mer elo ugefaangen hunn. Dat alles mat enger gewëssener Rou an enger Wäitsiicht" sou den Eric Thill.

Susi Pfeiffer, Jean-Paul Zeimes, Alexis Schloesser... 3 neie Gesiichter vir en neie Schwong an eng Gemeng ze bréngen, där et net un Erausfuerderunge feelt.

Déi 1.119 Walberechtegt Bierger vu Schieren haten e Sonndeg d'Geleeënheet, 3 Kandidaten fir de Gemengerot ze wielen. Komplementarwalen no Méint u politesch, ganz beweegten Zäiten. Mat als Héichpunkt der Demissioun virun engem Joer, vum als sträitwëlleg  bekannte Buergermeeschter André Schmit. Reegelméisseg goufe Sëtzungen vum Gemengerot zur verbaler Schluecht. Zoustänn, déi bei de Bierger Spueren hannerlooss hunn.

" Kuck dat d'Kierch am Duerf bleift ", dee Lëtzebuerger Sproch gouf déi lescht Joeren méi wéi ee Mol an dësem Haus iwwer Bord gehäit. Animositéiten, Frechheeten, Interessekonflikter hunn d'Sëtzungen vum Gemengerot markéiert.

D'Walen e Sonndeg sollen e Schlussstréch zéien, sou d'Hoffnung vun méi wéi engem Bierger, dee sech mat Mask an op Distanz an d'Walkabinne deplacéiert huet.

6 Kandidaten haten sech, fir 3 vun den am ganzen 9 Posten am Gemengerot opgestallt.