Um Sonndeg koum et an der Gemeng Ierpeldeng-Sauer zu Komplementarwalen, fir de Marc Weisgerber z'ersetzen, deen Enn 2019 an eng aner Gemeng geplënnert ass.

De Laurent Lacour konnt sech hei mat 530 Stëmmen duerchsetzen, géint den Giovanni Ferigo mat 321 Stëmmen, an de Jose Marques Neves mat 208. Bei de Gemengewalen 2017 hat de Laurent Lacour et knapp net an de Gemengerot gepackt.

Resultat vun de Gemengewalen 2017 / © elections.public.lu

Eigentlech sollten d'Komplementarwale schonn am Fréijoer organiséiert ginn, goufen awer wéinst der Corona-Pandemie op d'Enn vum Joer verréckelt. Fir d'Wale gouf dann och e Sanitär-Konzept ausgeschafft. Sou krut z.B. all Wieler en eegene Bic, et huet e Sécherheetsofstand mussen agehale ginn an et war och Desinfektiounsmëttel an de verschiddene Walbüroen disponibel.

RTL

© RTL Mobile Reporter