Italieneesche Wäin an der Dikrecher Béierstad

De Patron Filippo Busto a säin Employé Rafael Langertz / © Jorge Fernandes Tavares
Keen Take-Away am Art di Vin! "Qualitéit steet bei eis un 1. Stell", esou de Patron Filippo Busto am Interview mat de Studente vum BTS Media Writing.
Den Art di Vin ass deene meeschte Leit vun Dikrech ee Begrëff. Zanter 2012 lackelt déi italienesch Vinothéik eng grouss Unzuel u Leit an d'Groussgaass. Duerch d'Coronapandemie sti se virun neien Erausfuerderungen.
Fréier waren d'Vinothéik an d'Tapas-Bar an engem Gebai. Ufank 2020 hu si dunn de fräie Raum niewent hirem Restaurant kaaft a konnten domat hiert Geschäft vergréisseren. Mat deem Schrëtt hu si hire Fokus méi op de Verkaf vu Wäin an italieneesche Produite gesat, am Plaz op déi traditionell Restauratioun.
Stammclientë komme weiderhin, mee net nëmme si. Ëmmer méi nei Clientë fannen hire Wee an den Art di Vin. Een Take-Away Service, wéi et an anere Restauranten üblech ass, gëtt et hei an där Form net. Grond dofir, si déi oniwwersiichtlech Restriktiounen, fir den Horeca-Secteur. "Et musse een e Plang hunn, wéi een et mécht" sou den Proprietär. Qualitéit steet bei hinnen ëmmer am Virrang.
Esou Platen, wéi een am Art Di Vin ugebuede kritt, sinn net geduecht fir matzehuelen. Eleng den Transport an d'Verpackung suerge fir Qualitéitsverloscht.
De richtegen Duerchbroch kënnt awer nach. De Gerant Filippo Busto plangt tëschent deenen zwou Raimlechkeeten een Duerchgang ze bauen, deen net nëmmen d'Aarbecht vereinfacht, mee och den Openthalt vum Client méi angeneem mécht. D'Geschäft ass vun dënsdes bis samsdes vun 10 -13 an vun 14-18 Auer op.
Si géife sech freeën, iech am Summer op der Terrasse an der Dikrecher Groussgaass bei engem eenzegaartege Wäin an traditionellem italieneeschen Iessen ze begréissen. Ciao!
Dësen Artikel ass geschriwwe ginn am Kader vun engem Workshop vum LCD BTS 'Media Writing', de 5. Februar 2021.