D’Aerenzdallgemeng huet matgedeelt, dass et ee Waasserproblem an der Uertschaft Eppelduerf gëtt.

Et soll ee kee Waasser vum Krunn drénken oder et virdrun op d'mannst 10 Minutten ofkachen. Liewensmëttel sollen net mat Krunnewaasser gewäsch ginn.

D'Gemengeresponsabel informéieren d'Awunner, soubal d'Waasser nees dierf normal benotzt ginn.